IHCB presentéiert neien Logo an Numm
06 July 2018
Created by Beaufort Knights
Och wann op der Beeforter Äispiste am Moment keen Äis ass an och den Äishockeyclub Beefort an der Summerpaus ass, lafen Virbereedungen op déi nei Saison 2018-19 op Héichtouren.
Op der Sich no engem neien Logo an Identitéit hunn déi Verantwortlech natierlech direkt un Wahrzeechen vun Beefort dem schéinen Beeforter Schlass geduecht.
Den Äishockeyclub Beefort ass frou säin neien modernen Logo ze presentéieren an nennt sech ab elo "Beaufort Knights".
An den nächsten Deeg wert och Homepage vum Beeforter Aïshockey en neien Look kreien.