John Bierchen neien Trainer vum IHC Beefort


24 September 2018

Ice Hockey Luxembourg

Created by Beaufort Knights

Den Äishockeyclub Beefort huet an der Persoun vum John Bierchen en neien Trainer fir Saison 2018/19 fonnt. Den John ass en 30 Joer alen Amerikaner mat Lëtzebuerger Wuerzelen.

Als Goalie war den John an der ACHA (Amerikanesch Universitätsliga) an och an der SPHL (Southern professional hockey league) aktiv. Ganz frei schonn huet et hien awer hannert Bande als Coach gezunn, wou en säit 2009 verschidden Junioren Equippen betreit huet. Den John huet awer och Erfarungen als Coach an Co-Trainer an den béiden professionellen Ligen SPHL an ECHL.

Mam John Bierchen krit den Beeforter Äishockey een kompetenten an trotz sengem Alter schonn erfuerenen Mann als Trainer. Trotz Proposen vun Equippen aus Amerika wollt den John onbedéngt, besonneg weinst sengen Lëtzebuerger Wuerzelen, op Beefort kommen.

„Ech freeën mech Deel vun der Entwécklung vum Äishockey am Land vun mengen Urgrousselteren ze sinn. Meng Virfaren hunn net wäit vun Beefort gewunnt an dofir sinn ech immens frou matzehëllefen den Äishockeysport an dëser Regioun nofir zebrengen.“ John Bierchen

Den John wäert net nëmmen déi eicht Equipe an der belscher Div 1 betreien, mee ass verantwortlech fir all  Senioren an Junioren Spiller aus dem Veräin. 

Den IHC Beefort freet sech op Zesummenaarbecht mam John Bierchen an wënscht him vill Gléck an Freed bei senger Aarbecht am Beeforter Äishockeyclub.

Welcome to Beefort John !