Letzebuerg gewennt d’Eröffnungsspill op der WM Div 3 an engem 5 Gool Krimi.

Photo by: Liam McEvoy



23 April 2019

Um eichten Dag vun der WM Div. 3 zu Sofia an Bulgarien as d’letzebuerger Natioalequipe dei eichten Keier sait 2016 erem op Türkei getraff. Dat Joer hat Letzebueg mat 10-2 den Kierzeren gezun, mais dest Joer wor et bei Weitem net esou eensaiteg.

Wäll Letzebuerg letzt Joer ofgestigen as aus der Div 2b, as et fir sie en ongewinntenen Terrain dest Joer als Favorit ze gellen fir d’Gold Medail.

Mai et woren Türken dei dei eicht Minuten den Toun ungin hun an den Puck an hieren Reihen gehalen hun an sie hun sech an der Zone vun den Letzebuerer festgespillt.

En Laatenschoss wor et deen dann vielleicht Letebuerger waakereg gemach huet.

Letzebuerger hun zou sech fond wei et eng Stoorf gouf geint Türken wou den Savas Akturk weinst Beenstellen op Stroofbänk huet missten an den Letzebuerger esou zu Iwerzuel verhollef huet.

Den Trio Benny Welter, Claude Mossong sou wei den Mirko Mosr dei allen Drei eng grouss Leeschtung ofgeruff hun woren mat der Defense Sebastian Grein an Philippe Bechtold net ze bremsen.

Letzebueger hun sech an Position bruecht, den Puck am Drettel vun den Türken laafen geloos an wei den Claude Mossong den Puck op den Mirko Mosr gin huet deen en direkt an den Gool ofgelenkt huet, stoung et 6 Minuten virun Schluss vum 1. Drettel 1-0 fir Letzebuerger.

Türken hun sech am 2. Drettel awer duerch deen een Gool Virsprong net enner kreien geloss an hun sech eng em dei aner Keier am Drttel vun den letzebuerger festgespillt.

En ongleckleg gespilltenen Icing vun der 3. Linn vun den Letzebuerger huet ons Leiwen dann gezwongen vill ze laang um Ais ze bleiwen an Türken konnten wiesselen an hier fresch 1. Linn op Ais brengen.

Türken hun dovun direkt profiteiert an an der 31’ zum 1-1 duerch den Sait Bingol ausgeglach. Den 2. Dretel as esou mat enger Schoss Statistik vun 28-20 fir Türken mat engem 1-1 op en Änn gangen.

Et wor en opreegenden an spannenden Match an dat Bescht sollt nach kommen. Dei letzt 15 Minuten vum Match woren ganz energesch wäll beid Equipen onbedengt dei 3 Punkten wollten hun.

No enger langer Drockperiod vun den Letzebuerer huet an der 46’ den Sacha Backes zesummen mam Colm Cannon an Markus Eriksson den befreienden 2-1 kennen scheissen.

Mais am Aishockey kann Blat sech esou seier dreinen an sou woren et Türken dei nemmen 5’ mei speit duerch den Alp Elakas zum 2-2 an Iwerzuel (Colm Cannon op der Stroofbänk)  konnten ausglaischen.

Esou huet et geschengt wei wann dei 3 Punkten dei esou wichteg an esou engem Tourneier sin wou jiddereen geint jiddereen spillt, net keinten matgeholl gin, Mais dun nemmen 2 Minuten an 2 Sekonnen viru Schluss konnt den Claude Mossong assisteiert duech den Benny Welter an Mirko Mosr dach nach den 3-2 eran machen.

D’Letzebuerger Bänk huet gejubelt, mais Türken sin konzentriert bliwen an hun haut gewisen dass sie eng Equipe sin dei net opget an bis zum Schluss kämft.

An genau dat hu sie gemach. Dei letzt Sekonnen vum Match hun sie Drock op den Letzebuerger Gool gemach an en Schoss op den Gool as ofgesprongen, dem letzeberger Goaly Marcus Anselm op den Reck an op der Gool Linn leien bliwen wou den fantastech spillenden letzebuerger Goaly en dann konnt huelen an esou den Letzebuerger den eichten Sieg gesechert huet.

Den eichten Match an all Turneier as emmer schweier, an geint esou en Geigner wei Türken hun d’Letzeuerer missten dei schlecht Erennerung vun 2016 aus hieren Käpp kreien fir hierer Roll als Favorit gerecht kennen ze gin. Och wann et nach en waiten Wee as hun Letzebuerger genau dat desen Match gemach.

Haut spillen ons Leiwen um 15h30 (CEST) geint Chinese Taipei op hierem Wee zu Gold.