Nächsten Heemmatch fir den IHCB
Photo by jos nerancic
05 January 2018
Created by Beaufort Knights
No zwou Defaiten an der Chrëschtvakanz géint Herentals an Mechelen, spillt den IHCB dësen Samschden 06.01. 20h doheem géint Antwerpen.
Den 23.12. hunn déi Beeforter sech an engem spannenden Match mat 2-4 géint Herentals missten geschloen ginn. Eng Defaite déi haaptsächlech op déi schlecht Chancenverwäertung zreckzefeieren ass an soumat och onnéideg war.
Goaler fir IHCB: N.Mossong, B. Welter
Den 30.12. stoung den Match géint den Toppfavorit Mechelen um Programm. An engem interessanten an flotten Match konnt déi staark Equipe aus Mechelen sech virun ronn 200 Spectateuren mat 7-2 duerchsetzen.
Goaler fir Beefort: N. Mossong, B. Welter
Dësen Samschden 06.01. um 20h spillen den IHCB géint Antwerpen an hofft och do erëm op vill Spectateuren déi d'Equipe ënnerstëtzen.