D'Beaufort Knights begréissen de Boris Kolyasnikov
29th August 2026
Beaufort Knights

D'Beaufort Knights freeën sech, de Boris Kolyasnikov fir déi kommend Saison 2026/27 am Veräin begréissen ze kënnen.
De Kolyasnikov bréngt vill Erfarung aus dem belschen Hockey mat. Hien huet fir Mechelen a Leuven gespillt an huet déi belsch Nationalekipp bei véier Weltmeeschterschafte vertrueden.
De Boris Kolyasnikov iwwer säi Wiessel bei d'Beaufort Knights:
Wéi fillt et sech un, bei d'Beaufort Knights ze kommen a virun de Fans ze spillen?
„Als éischt wëll ech dem Artemij an dem Andrei e grousse Merci soen. Ech war wärend dem ganze Prozess, fir bei Beaufort Knights ze kommen, mat hinnen a Kontakt. Si sinn allen zwee super Leit. Natierlech och e besonnesche Merci un de Claude an de Benny fir all hir Hëllef, fir dëst méiglech ze maachen.
Ech freeë mech immens drop, all d’Spiller, Traineren, Staff an natierlech och d’Fans kennenzeléieren. Ech hunn héieren, datt Beaufort déi bescht Supporter huet, an ech kann et kaum erwaarden, dës Atmosphär selwer z'erliewen.
Ech si wierklech begeeschtert, bei de Beaufort Knights ze sinn, virun eise Fans op d’Äis ze goen an en Deel vun dësem Veräin ze ginn. Ech freeë mech op d’Saison a kann et kaum erwaarden, unzefänken!“
Op wat frees du dech am meeschte fir déi kommend Saison?
„Als éischt wëll ech, datt mir eng vereenegt Ekipp sinn, wou jidderee zesummenhält an deen aneren ënnerstëtzt. Ech wëll wierklech Trophäe gewannen, a mir wäerten alleguer haart schaffen an zesumme kämpfen, fir dat ze erreechen.“
Wat wëlls du an d’Ekipp abréngen?
„Ech hu vill Joren an der CEHL gespillt an déi belsch Nationalekipp bei véier Weltmeeschterschafte vertrueden. Ech wäert alles maachen, wat ech kann, fir meng Erfarung mat de méi jonke Spiller ze deelen an an all Match 100 Prozent fir d’Ekipp ze ginn.
Ech spille ganz gären e Passspill, an ech erwaarden dat och vun de Spiller, déi mat mir um Äis sinn. Och wann ech 37 Joer al sinn, hunn ech nach ëmmer eng drop, an ech spille ganz gäre mat menger Geschwindegkeet.
Dat Wichtegst ass awer: Ech hunn den Äishockey nach ëmmer esou gär wéi e Kand!“
Den Andrei Episov iwwert den Neizougang
Den Head Coach Andrei Episov gesäit dem Kolyasnikov seng Erfarung als eng wichteg Ergänzung fir d'Beaufort Knights.
„Hie bréngt vill Erfarung mat. Mir gleewen, datt seng Erfarung eis méi Sécherheet gëtt, eisem Kader méi Déift gëtt an hien e gutt Beispill fir eis méi jonk Spiller ka sinn. Et wäert eng haart Saison ginn, mee mir gi fokusséiert an d’Saison, mat dem Wonsch eis weider z'entwéckelen a méi staark ze ginn.“
Mat enger usprochsvoller Saison virun der Dier kréien d'Beaufort Knights domat Erfarung, Leadership an e Spiller dobäi, dee weiderhi motivéiert ass, ze konkurréieren an zu der Ekipp bäizedroen.
Wëllkomm bei de Beaufort Knights, Boris!
EN
Beaufort Knights welcome Boris Kolyasnikov
Beaufort Knights Welcome Boris Kolyasnikov
Beaufort Knights are pleased to welcome Boris Kolyasnikov to the club for the upcoming 2026/27 season.
Kolyasnikov brings extensive experience from Belgian hockey. He has played for Mechelen and Leuven and has represented the Belgian national team at four World Championships.
Boris Kolyasnikov on joining Beaufort Knights
How does it feel to join Beaufort Knights and play in front of the fans?
“First of all, I would like to say a huge thank you to Artemij and Andrei, who I have been in contact with throughout the entire process of joining Beaufort Knights. They are both great guys. Of course, a special thank you to Claude and Benny for all their help in making this happen.
I’m really looking forward to meeting all the players, coaches, staff and, of course, the fans. I’ve heard that Beaufort has the best supporters, and I can’t wait to experience that atmosphere for myself.
I’m incredibly excited to join Beaufort Knights, step onto the ice in front of our fans and become part of this club. I’m really looking forward to the season and can’t wait to get started!”
What are you looking forward to most about the upcoming season?
“First and foremost, I want us to be a united team where everyone stands together and supports one another. I really want us to win trophies, and we will all work hard and fight together to achieve that.”
What do you want to bring to the team?
“I have played in the CEHL for many years and have represented the Belgian national team at four World Championships. I will do everything I can to share my experience with the younger players and give 100% to the team in every game.
I really enjoy playing a passing game, and I expect the same from the players who are on the ice with me. Even though I’m 37 years old, I still have plenty left in the tank, and I love using my speed.
Most importantly, I still love playing ice hockey like a kid!”
Andrei Episov on the new signing
Head Coach Andrei Episov sees Kolyasnikov’s experience as an important addition to Beaufort Knights.
“He brings a lot of experience. We believe his experience will give us more confidence, add depth to the roster and serve as a great example for our younger players. It’s going to be a tough season, but we go into it focused, with the desire to develop further and become stronger.”
With a challenging season ahead, Beaufort Knights add experience, leadership and a player who remains motivated to compete and contribute to the team.
Welcome to Beaufort Knights, Boris!
